Wat gelift?: Fra héiert keng Männer méi

17.01.2019 - 05:45

© pixabay.com
Den Zeenario hei kann engem schonn Angscht maachen; eng kärgesond Fra leet sech Owes an d'Bett, steet Moies op an héiert hire Frënd net méi.
17/01/2019 Wat gelift?: Fra héiert keng Männer méi

Wat wär dann är éischt Diagnos? Dir gesitt datt sech d'Lëpse vum Partner beweegen, mä dir héiert en net. Eng plausibel Äntwert; e sougenannten Hörsturz. Dat war dann och d'Reaktioun vun enger Fra a China viru kuerzem, allerdéngs ass dëser Fra um Wee an d'Spidol opgefall datt Si d'Stëmme vu Frae kloer an däitlech héiert, déi vu Männer awer net. En ORL, deen Dokter misst jo kënne hëllefen wann een net gutt héiert, huet der Patientin erkläert Si géing den Ament keng déif Téin héieren, e Verloscht vum Gehéier awer nëmmen am Beräich vun den niddreg Frequenzen, e Symptom dat, statistesch gesinn, nëmmen bei enger Persoun op 13.000, déi Problemer mam Héieren hunn, virkënnt. Ausgeléist ka sou eng Stéierung duerch psychesch Belaaschtung oder Schlofmangel ginn, se kann awer genetesch bedéngt sinn. Sou séier déi déif Téin verschwannen, sou séier si se och erëm do, d'Fra brauch nëmme Rou fir datt d'Ouere sech erhuelen, ee speziellen Hörapparat ka wärend där Zäit och hëllefen déif Stëmmen ze verstoen. Wann d'Männer sech elo benodeelegt fillen; kee Problem et gëtt och de Géigendeel, also datt ee besonnesch hell Stëmmen net gutt oder guer net versteet. Hei ass d'Ursaach awer eng aner, ze vill Kaméidi deen Hoerzellen zerstéiert.