De Freides-Invité vum 17. MäerzBertrand Piccard

Um Enn vum leschte Joerdausend war hien als éischte Mënsch ouni Tëschelandung mam Ballon ronderëm d’Äerd geflunn.

Radio - Freides-Invité (16.03.2017)
Kultur, Gesellschaft a Liewen - all Freideg an der Mëttesstonn.

Dat lescht Joer war de Bertrand Piccard mat sengem Solarfliger am Gespréich, mat deem hien an Zäit vu 16 Méint an e puer Etappen ëm de Globus gesegelt ass.

Dem Wëssenschaftler an Aventurier geet et awer net ëm Rekorder. Hie wëll dass d’Gesellschaft ëmdenkt an d’Ressourcë vum Planéit respektéiert, fir se méi geziilt anzesetzen.

Mir hu mam Visionär iwwer Technik, eise Planéit an d’Welt vu muer geschwat.

Freides-Invité: Bertrand Piccard

"De Freides-Invité": All Freideg an der Mëttesstonn vun 12 bis 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu (Audio a Video). An duerno och am Replay op RTL.lu (Audio a Video).

FOTOGALERIE: Presentatioun Film Solar Impulse mam Bertrand Piccard op pressphoto.rtl.lu






Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.