De Freides-Invité vum 10. NovemberEilo Elvinger

Mat hirer Foto op där een d'Patte vun Äisbiere gesäit, krut d'Eilo Elvinger am Oktober bei de Wildlife Photography Awards 2017 e Präis.

De Freides-Invité: Eilo Elvinger (10.11.2017)
Kultur, Gesellschaft a Liewen - all Freideg an der Mëttesstonn.
An dat an der Kategorie "bescht schwaarz-wäiss Foto". Déi geléiert Affekotin huet iwwert d'Reesen d'Passioun fir d'Fotografie entdeckt. Am Laf vun de Joren huet se sech op d'Natur spezialiséiert a sech och fir d'Rettung vun der Natur sensibiliséiert. Sou engagéiert se sech och an an der ONG Friendship fir de Bangladesch. Dës Woch hu mer der Eilo Elvinger als Freides-Invitée nach nodréiglech fir de Präis gratuléiert.

De Freides-Invité: Eilo Elvinger



VIDEO: Wildlife Photographer 2017 - Lëtzebuergerin Eilo Elvinger am Portrait.



"De Freides-Invité": All Freideg an der Mëttesstonn vun 12 bis 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu (Audio a Video). An duerno och am Replay op RTL.lu (Audio a Video).

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.