De Freides-Invité vum 24. NovemberJacques Schiltz

1995 huet sech den Theaterkollektiv "Independent Little Lies" - kuerz ILL - gegrënnt.

De Freides-Invité: Jacques Schiltz (24.11.2017)
1995 huet sech den Theaterkollektiv "Independent Little Lies" - kuerz ILL - gegrënnt.
D'Erausfuerderung vum jonke Grupp ass a war et jonk Kënschtler z'ënnerstëtzen. Lo brénge se e Stéck fir Kanner op d'Bühn: "D'Glühschwéngchen" no engem Buch vum Nora Wagener a Luc Caregari.

Genau wéi d'Auteuren ass och de Jacques Schiltz, dee mat der Regisseurin Linda Bonvini zesummeschafft, e Member vun ILL.

D'nächst Joer inzenéiert de jonken Acteur, dee schonn emol als Jean-Claude Juncker op der Bühn stoung, d'Stéck TOD vum Woody Allen, eng Produktioun fir déi en eng Residence vum FOCUNA accordéiert kritt huet.

De Freides-Invité: Jacques Schiltz



"De Freides-Invité": All Freideg an der Mëttesstonn vun 12 bis 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu (Audio a Video). An duerno och am Replay op RTL.lu (Audio a Video).

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.