Nico Helminger - 10. Februar 2012

Ass et en Zoufall oder heescht dem Nico Helminger säin neit Theaterstéck "Boulevard Royal", well et am Genre Boulevard-Theater ass? An dee Genre ass als Burlesque oder Kaméidi-Stéck oder Loschtspill ze verstoen - e Genre, deen definitiv ëmmer schonn e grousse Publikum ugesprach huet.

Wéi ass dat fir en Auteur, dee bis ewell éischter sozialkritesch a senge Wierker geschafft huet? Huet en de Genre gär a bewosst gewiesselt oder ass do guer keng Grenz a villes gëtt sech d'Hand? Eng Helle Wull Froen, op déi den Nico Helminger äntwert.