Nico Helminger

De Lëtzebuerger Batty Weber Literatur-Präis gëtt all 3 Joer un e Lëtzebuerger Auteur fir säi Gesamt-Wierk iwwerreecht.

1988 war den éischte Laureat den Edmond Dune- dono koume Roger Manderscheid, Leopold Hoffmann, Anise Koltz, Pol Greisch a Guy Rewenig. Um Donneschden den Owend goung de Batty Weber Präiss 2008 an enger feierlecher Zeremonie zu Miersch am Literatur Haus un de Nico Helminger.