Lucien Blau - 18. Januar 2013

Wéi en Diddelenger Bouf seng Stad erlieft huet, dat huet de Lucien Blau am Buch „Mam Schucos Auto an den Zinema Royal“ vrun e puer Joer veréiwegt. Am neie Buch fiert den Auteur elo „mat der Döschewo bei den Mao Tse Tung“ an erzielt vun der Lycées-Zäit an dem politeschen Engagement an de 70er-Joeren. Donieft ass d'historesch Recherche zu Lëtzebuerg dem Professer a fréiere Politiker wichteg.

E Freideg war de Lucien Blau als Invité an der Mëttesstonn op RTL Radio Lëtzebuerg.

Freides-Invité: De Lucien Blau beim Christiane Kremer


"De Freides-Invité": All Freideg an der Mëttesstonn vun 12 bis 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg.