Patrick Sanavia - 27. September 2013

Ass dat en Denkmal?“, déi Fro steet dëse Weekend am Mëttelpunkt, well et ass de Motto vun den Journées du Patrimoine 2013. Dobäi solle vrun allem – awer net nëmmen- Jonker, sensibel gemaach gi fir Gebaier oder Constructiounen, déi zënter laangem an eise Stied an Dierfer stinn. Wéi gi mir dann eigentlech mat deem Patrimoine ëm? A wéini gehéiert en Haus ënner Denkmalschutz oder wéi eng Critère mussen erfëllt gi fir et ze erhalen oder ze renovéieren? Froe mat deenen sech de Service des Sites et Monuments beschäftegt. Zënter 5 Joer ass do de geléierte Jurist Patrick Sanavia den Direkter. Mat him maache mer eng Visite guidée vun eisem Patrimoine.

Freides-Invité: De Patrick Sanavia beim Christiane Kremer




"De Freides-Invité": All Freideg an der Mëttesstonn vun 12 bis 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg.