De Freides-Invité vum 21. FebruarPeter Gilles

Invité um Freideg an der Mëttesstonn ass de Professer Peter Gilles, Linguist a Spezialist vun der Lëtzebuerger Sprooch bei der Uni Lëtzebuerg.

Den 21. Februar ass den Internationalen Dag vun der Mammesprooch, deen d'UNESCO 1999 deklaréiert huet. Lëtzebuergesch ass wuel fir déi meescht vun eis eis Mammesprooch. An déi Sprooch ass nach ni vun esou ville Leit geschwat a geschriwwe ginn, wéi grad elo. Wéi wichteg ass dann eis Sprooch, firwat ass se souguer e wichtegt Fach op der Uni a wat sinn hir Feinheeten an hir Schwieregkeeten. Alles dat si Froen un de Linguist Peter Gilles, e gebiertegen Däitschen, dee sech zanter Joeren mat eiser Sprooch beschäftegt.

De Freides Invité (Peter Gilles)
De Professer ass Linguist a Spezialist vun der Lëtzebuerger Sprooch bei der Uni Lëtzebuerg.



"De Freides-Invité": All Freideg an der Mëttesstonn vun 12 bis 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg.