De Freides-Invité vum 28. FebruarDésirée Nosbusch a Fernand Fox

Direkt zwee grouss Schauspiller sinn um Freideg de Mëtteg op Besuch am Studio vun RTL.

Dat, well d'Désirée Nosbusch elo en Documentaire iwwert dem Fernand Fox säi Liewe gedréint huet: Succès FOX oder Succès FOU sinn an deem Fall e Synonym.

D'Realisatrice an den Haaptprotagonist vum Film sinn um Freideg de Mëtteg also bei eis am Studio. Zwee Leit, déi een net méi virstelle muss, well u sech all Mënsch se hei am Land kennt.

Freides-Invité Désirée Nosbusch & Fernand Fox



"De Freides-Invité": All Freideg an der Mëttesstonn vun 12 bis 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg.