Guy Helminger

Ee Mann wäert der an Zukunft méi daks bei eis op der Tëlee gesinn: de Lëtzebuerger Schrëftsteller Guy Helminger, deen zenter laange Joeren zu Köln lieft a schafft, awer nach ëmmer de kulturellen Drot zu senger Heemecht hällt. Seng Bicher - Hörspiller- Theaterstécker sinn a béide Länner scho mat Präisser belount ginn. D'Kritik schwätzt vun engem Auteur deen dem realisteschen Erzielen eng nei Form an e neie Sound gëtt. Wéi de Guy Helminger dat gesait a wat e wëlles huet a nächster Zäit erzielt hien eis elo.