De Freides-Invité vum 24. AbrëllBuffalo C. Wayne

"The One and Only European Cowboy", "De Roude Léiw mat Cowboy-Hutt", de Buffalo C. Wayne oder ganz einfach de Büffel.

Radio - Freides-Invité: Buffalo C. Wayne (24.04.2015)
Kultur, Gesellschaft a Liewen - all Freideg an der Mëttesstonn.
Et ginn esou vill Nimm, mat deenen de Claude Weber als Lëtzebuerger Country-Museker bekannt ass. Zënter Joerzéngten ass hien op nationalen a virun allem och internationale Bühnen ënnerwee a presentéiert seng Melodien an Texter am Country-Stil. Iwwer 2 Stonne Material vu sengen Erliefnesser op Tour kann een elo am Kino am Film "Roude Léiw mat Cowboy's Hutt" gesinn. Wéi de Claude Weber bei de Cowboy-Hutt an d'Gittare komm ass, dat huet hien eis e Freideg an der Mëttesstonn matgedeelt.

Freides-Invité: Buffalo C. Wayne



"De Freides-Invité": All Freideg an der Mëttesstonn vun 12 bis 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-Livestream op RTL.lu. An dono am Replay op RTL.lu (Audio a Video).