De Freides-Invité vum 26. JuniJitz Jeitz

Hien ass wuel nach keen Dinosaurier, mä e sougenannte "Vintage-Saxophonist" aus der Lëtzebuerger Jazz-Zeen ...

Radio Freides-Invité: De Jitz Jeitz beim Christiane Kremer (26.06.2015)
Kultur, Gesellschaft a Liewen - all Freideg an der Mëttesstonn.
... sou steet et a senger kuerzer Biographie, déi beim neien Album "Dizzy Guttido" derbäi leit. Den Numm Jitz Jeitz ass an de leschten 2 Joerzéngten ëmmer opgetaucht, wa musikalesch Projeten am Jazzberäich, an net nëmmen do, gebuer goufen. Zenter méi wéi 30 Joer gehéiert hien zur éischter Crème vun de Saxophonisten am Land. De Jitz Jeitz kann nieft den Nouten awer och gutt mat den Zuelen ëmgoen, spillt gär am groussen Orchester an am eegene Quartett. Dës Woch ass de Jitz Jeitz de Freides Invité.

Freides-Invité: Jitz Jeitz beim Christiane Kremer



"De Freides-Invité": All Freideg an der Mëttesstonn vun 12 bis 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-Livestream op RTL.lu. An dono am Replay op RTL.lu (Audio a Video).