De Freides-Invité vum 9. OktoberChristophe Wagner

No sengem Documentaire „Luxembourg, USA“ a sengem éischte Krimi „Doudege Wénkel“ kënnt elo den 3. Longmetrage vum Christophe Wagner an de Kino.

De Freides-Invité: Christophe Wagner (09.10.2015)
No sengem Documentaire „Luxembourg, USA“ a sengem éischte Krimi „Doudege Wénkel“ kënnt elo den 3. Longmetrage vum Christophe Wagner an de Kino.

E Freideg den Owend huet mat „Eng nei Zäit“, deen zweete Fiktioun-Film vum Lëtzebuerger Realisateur, Avant-Première.

An dësem Film geet et zeréck an d'Zäit um Enn vum zweete Weltkrich an erzielt gëtt d'Geschicht vun engem Mord, dee wierklech geschitt ass. Wéi wäit de Film der Realitéit entsprécht? Wéi eng Contrainten d'Zäitrees der ganzer Equipe operluecht hunn a wat sech de Christophe Wagner, nom grousse Succès vu sengem éischte Kinosfilm „Doudege Wénkel“, vu sengem zweete Film erwaart.

Dat huet hien eis selwer an der Freides-Mëttesstonn tëscht 12 an 1 verroden.

De Freides-Invité: Christophe Wagner



FILM VUN DER WOCH: "Eng nei Zäit" - de Jemp Thilges huet de Film scho gesinn. Hei seng Aschätzung ...

"Eng nei Zäit": Tabuthema iwwer Film vermëttelen (12.10.2015)
Wei wichteg ass et den Acteuren no iwwert de Film en Tabu ze briechen?


"De Freides-Invité": All Freideg an der Mëttesstonn vun 12 bis 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-Livestream op RTL.lu. An dono am Replay op RTL.lu (Audio a Video).