De Freides-Invité vum 16. OktoberStephany Ortega

Mat 10 Joer huet d'Stephany Ortega an hirer Heemecht, der Dominikanescher Republik, ugefaangen, Piano a Chouer-Gesank ze léieren.

Radio - Freides-Invité mam Stephany Ortega (16.10.2015)
Kultur, Gesellschaft a Liewen - all Freideg an der Mëttesstonn.
No hirem Musekstudium, huet se eng Bourse um Conservatoire zu Lëtzebuerg gewonnen. Zënterhier ass dat hir zweet Heemecht ginn. Als ausgebilte Sopranistin fillt se sech a ville Genren doheem: an der Oper, an der Kammermusek, am Jazz. Nieft dem eegene Gesank op internationale Bühnen, enseignéiert d'Stephany Ortega am Conservatoire du Nord an ass Dirigentin bei der INECC.

E Sonndeg invitéiert si mam Organist Paul Kayser op e Concert "Autour des Ave Maria" an d'Kierch vu Waldbriedemes.

De Freides-Invité vum 16. Oktober: Stephany Ortega



"De Freides-Invité": All Freideg an der Mëttesstonn vun 12 bis 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-Livestream op RTL.lu. An dono am Replay op RTL.lu (Audio a Video).