De Freides-Invité vum 1. AbrëllJoanne Theisen a Conny Therwer

E Samschdeg ass de Weltautismus-Dag.

Radio - Freides-Invité mam Joanne Theisen a Conny Therwer (01.04.2016)
Kultur, Gesellschaft a Liewen - all Freideg an der Mëttesstonn.
Zu Lëtzebuerg liewen eng 3000 Mënschen, déi vun enger autistescher Spektrumstéierung betraff sinn, dobäi ass jiddereen op seng Manéier anescht. Mä ëmmer nach ass d'Ëffentlechkeet net genuch sensibiliséiert an informéiert. Wat ass Autismus genee a wéi kann een dermat liewen? D'Joanne Theisen ass selwer autistesch an d'Conny Therwer schafft enk mat betraffene Familljen zesummen.

2008 huet d'UNO den 2. Abrëll als Weltautismusdag ausgeruff fir esou op eng Stéierung am mënschleche Gehir opmierksam ze maachen, déi en normaalt Liewen am Alldag schwéier mécht. Zu Lëtzebuerg liewen eng 3.000 Mënschen, déi vun enger autistescher Spektrumstéierung betraff sinn, dobäi ass jiddereen op seng Manéier anescht. Dat geet vum éischter liichten Asperger-Syndrom bis zu mentalem Retard. D'Joanne Theisen weess zënter Februar 2015, datt si autistesch ass. Si ass ausgebilten Enseignante, kann awer net am Beruff schaffen an huet de Statut vum "salarié handicapé".

D'Diagnose war eng Erliichterung fir d'Joanne Theisen an hir Famill, nodeems se sech jorelaang gefrot hunn, firwat si am Kontakt mat anere Leit onkontrolléiert reagéiert huet oder verschidde Sënnesreizer als extrem ëmfonnt huet. Dofir ass Opklärung wichteg, seet d'Conny Therwer vun der Fondation Autisme.

Vun 11 Auer u sinn e Samschdeg op der Plëss an der Stad eng Rei Stänn a Manifestatiounen, bei deenen ee gär weider Informatioune kritt. Dofir soll ee sech blo undoen, dat ass d'Faarf fir op Autismus ze sensibiliséieren.

Radio - Freides-Invité mam Joanne Theisen a Conny Therwer



"De Freides-Invité": All Freideg an der Mëttesstonn vun 12 bis 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-Livestream op RTL.lu. An dono am Replay op RTL.lu (Audio a Video).