De Freides-Invité vum 8. AbrëllFiona Steil-Antoni

Si huet den Hobby zum Beruff gemaach.

De Freides-Invité vum 8. Abrëll: Fiona Steil-Antoni (08.04.2016)
D’Fiona Steil-Antoni ass eng vun de staarken Damme beim Spill vun de Kinneken.
D’Fiona Steil-Antoni ass eng vun de staarken Damme beim Spill vun de Kinneken. Als PR-Fra reest si op di grouss international Turnéieren an ass eent vun de Gesiichter vun der Schachplattform Chess24. Mir schwätze mat der Lëtzebuergerin iwwer hir eege Carrière als International Meeschterin, d’Faszinatioun vum Schach an den Ëmgang mat de grousse Staren aus der Schachwelt. D’Fiona Steil-Antoni war dëse Freideg Invité an der Mëttesstonn um Radio.

Freides-Invité: Fiona Steil-Antoni



"De Freides-Invité": All Freideg an der Mëttesstonn vun 12 bis 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-Livestream op RTL.lu. An dono am Replay op RTL.lu (Audio a Video).