De Freides-Invité vum 29. AbrëllSabine Weyer

Mat siwe Joer huet se fir d'éischte Kéier bewosst Piano héieren a war dovunner esou begeeschtert,...

Radio - Freides-Invité: Sabine Weyer beim Christiane Kremer (29.04.2016)
Kultur, Gesellschaft a Liewen - all Freideg an der Mëttesstonn.
...datt se hiren Elteren direkt erzielt huet, si wéilt Pianistin ginn. Dee Wee huet d'Sabine Weyer dann och ee Schrëtt nom anere gemaach, vun den éischte Pianosstonnen iwwer d'Conservatoirë vun Esch, Metz, Bréissel, Masterclass Projeten a Portugal, England, Däitschland an Optrëtter uechtert d'Welt, an natierlech och zu Lëtzebuerg, bis bei en éischten CD mat Wierker vun Debussy a Rameau.

Am Kader vum klenge Maarnecher Festival spillt d'Sabine Weyer e Freideg zesumme mat der polnescher Pianistin Katarzina Wieczorek Bach zu Marnech am Cube.

De Freides Invité: Sabine Weyer.



"De Freides-Invité": All Freideg an der Mëttesstonn vun 12 bis 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-Livestream op RTL.lu. An dono am Replay op RTL.lu (Audio a Video).