De Freides-Invité vum 23. SeptemberJérôme Konen

Zënter engem Joer hu se e Bond geschloss: de Jérôme Konen an de Kulturzenter vu Mamer.

Radio - Freides-Invité Jérôme Konen (23.09.2016)
Kultur, Gesellschaft a Liewen - all Freideg an der Mëttesstonn.
De jonken Direkter fänkt elo seng éischt eege Saison un, déi hien an de leschte Méint zesummegestallt huet. Eent ass emol kloer: et gëtt vill gedanzt a gespillt op der Bühn vum Kinneksbond an de Publikum soll méi wéi eemol d'Chance kréien, matzemaachen. An do baut de Jérôme Konen op seng Erfarungen als Regie-Assistent, Regisseur a Koordinateur vu verschiddene Projeten an der Vergaangenheet. Wéi dat alles entstanen ass a wat alles kënnt, dat huet de Freides Invité Jérôme Konen tëscht 12 an 1 erzielt.

De Freides Invité: Jérôme Konen



"De Freides-Invité": All Freideg an der Mëttesstonn vun 12 bis 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-Livestream op RTL.lu. An dono am Replay op RTL.lu (Audio a Video).

© Bohumil Kostohryz