De Freides-Invité vum 14. OktoberKatharina Bintz

Déi jonk Lëtzebuergesch Schauspillerin Katharina Bintz, déi zu Hamburg lieft a schafft, war um Freideg zu Lëtzebuerg.

Radio - Freides-Invité Katharina Bintz (14.10.2016)
Kultur, Gesellschaft a Liewen - all Freideg an der Mëttesstonn.

Am "Gudde Wëllen" organiséiert si um Freideg den Owend déi éischt Editioun vu „Friday Island“ fir dës Saison mat. Dat si 6 Kënschtler mat 4 verschiddene Performancen, déi een dëse Freideg Owend ënnert dem Motto "Play_ing" erliewe kann.

Wat ass de Projet FRIDAY ISLAND genee? Wéi kann een als Lëtzebuergerin zu Hamburg schauspilleresch Fouss faassen? A wat wëll d'Katharina Bintz an den nächste Joren nach alles erreechen?

Dat waren Sujeten an der Freidesmëttesstonn, wann d'Actrice tëscht 12 an eng op Besuch am Studio ass.

De Freides Invité: Katharina Bintz



"De Freides-Invité": All Freideg an der Mëttesstonn vun 12 bis 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-Livestream op RTL.lu. An dono am Replay op RTL.lu (Audio a Video).

© Source: www.katharina-bintz.com Copyright: Henning Kretschmer