De Freides-Invité vum 21. OktoberMarco Weiten a Raymond Colombo

Zwee Moler, zwou Techniken ... ee gemeinsamen Atelier. Esou schaffen déi zwee Moler Marco Weiten a Raymond Colombo.

Radio - Freides-Invité (21.10.2016)
Kultur, Gesellschaft a Liewen - all Freideg an der Mëttesstonn.
Si waren e Freideg gemeinsam op Besuch an der Mëttesstonn, fir eis méi iwwer hir Passioun, hiren Atelier, hir Frëndschaft an hir Konscht ze verroden.

Weider Sujete waren dann awer och d'Schwieregkeeten als klenge Kënschtler op sech opmierksam ze maachen an ausstellen ze kënnen an d'Entwécklung vu Konscht a Molerei am Grand-Duché.

"De Freides-Invité" wéi ëmmer tëscht 12 an eng.

Freides-Invité: Marco Weiten a Raymond Colombo



"De Freides-Invité": All Freideg an der Mëttesstonn vun 12 bis 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-Livestream op RTL.lu. An dono am Replay op RTL.lu (Audio a Video).