De Freides-Invité vum 4. NovemberMarc Limpach a Frank Feitler

oder "En Tiger am Rousegäertchen" - eng Theaterfarce

Radio - Freides-Invité (04.11.2016)
Kultur, Gesellschaft a Liewen - all Freideg an der Mëttesstonn.
Den 27. Januar 2006 moies fréi kënnegt de Lakshmi Mittal un, datt en de Stolkonzern Arcelor wëll iwwerhuelen. Dës OPA rappt d'Land aus dem Schlof a setzt Direktioun a Regierung ënner Schock. 10 Joer méi spéit ass dëst Kapitel Lëtzebuerger Geschicht den Ophänkert fir d'Theater-Farce "En Tiger am Rousegäertchen", dat anengems de Retour vum fréieren Direkter Frank Feitler als Regisseur an de Groussen Theater ass. D'Stéck baséiert op offiziellen Texter an Aussoen vun deemools a gouf an enger Zesummenaarbecht tëscht dem Regisseur, den Acteuren an dem Marc Limpach konzipéiert.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

"De Freides-Invité": All Freideg an der Mëttesstonn vun 12 bis 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-Livestream op RTL.lu. An dono am Replay op RTL.lu (Audio a Video).