100 Joer Jean Steimes

17.09.2014 - 16:20

E ronne Gebuertsdag ass ëmmer eppes Besonnesches. Wann een dann awer eng 1 mat 2 Nullen huet, dann dierf ee sech glécklech schätzen.
17/09/2014 100 Joer op der Welt

Schëtze Jang ass de 9. September 1914 op d'Welt komm, als lescht vu 4 Kanner. Hien huet 3 Meedercher, 10 Enkelkanner a schonn 8 Urenkelen.
Zenter dem 17. August 2009 lieft hien am Blannenheem zu Bieschbech.
Fir säin Anniversaire mat liichter Verspéidung ze feieren war hien bei eis an de Studio komm.