Gréng Minutten

13.12.2017 - 11:10

© AFP
+++ 'Tuten' aus Kotteng awer net gutt fir d'Ëmwelt? +++ Majoritéit vun de Chineesen fir Handelsverbuet vun Elfebeen +++
13/12/2017 Gréng Minutten


Poschen aus Kotteng si méi ëmweltfrëndlech ewéi Plastikstuten. Dovunner ginn der vill vun eis aus.

Also déi Zort Sak aus Kotteng déi d'Plastikstuten soll ersetzen. Den Trend geet kloer a Richtung Stoff, also manner Plastik. Bei onsem däitsche Noper ass d'Zuel vu Plastikstuten déi an den Ëmlaf kommen, zanter dem Joer 2000 staark erofgaang. Deemools waren et nach 7 Millioune Stéck, d'lescht Joer loung d'Zuel nach bei 3,7 Milliounen. De Verkaf vun den Tuten aus Stoff huet an de leschten 2 Joer zougeholl, konkret Zuelen ginn et do awer nach net. Eng grouss däitsch Drogerie-Ketten huet hir Produktioun awer scho missten an Indien verleeën fir der Nofro gerecht ze ginn. Mëttlerweil ass doraus e richtegt Geschäft ginn un deem all d'Acteure verdéngen. Tatsächlech awer sinn déi Säck net immens nohalteg, esou den däitsche Naturschutzbund. Dësen geet dervun aus dass esou e Sak iwwer 100 Mol esou dacks muss benotzt ginn ewéi eng Plastikstut fir déi méi schlecht Klima-Bilanz auszegläichen. Och d'Produktioun vun de Säck aus Stoff belaascht d'Ëmwelt wéinst dem héije Waasserverbauch an dem intensiven Asaz vu Pestiziden. Se rentéiere sech also nëmmen wann ee se och permanent bei sech huet. Nëmmen da si se eng Alternativ zu der Plastikstut.


Eng gutt Nouvelle fir d'Elefanten: d'Majoritéit vun der chinesescher Bevëlkerung ass fir en Handelsverbuet vun Elfebeen.

Enn vum Joer trëtt dat Verbuet a Kraaft. Dat koum bei enger Ëmfro eraus, déi dee WWF an TRAFFIC an Optrag ginn hunn. 86% vun de Befroten hunn uginn dass se esou e Verbuet positiv fannen. Der Realitéit sinn déi mannst wierklech no: nëmme 19% konnten d'Verbuet spontan nennen, 46% hu sech awer un esou eppes erënnert. A 45 Prozent hu gesot dass schonn op mannst eemol an hirem Liewen e Produit aus Elfebeen kaaft hunn. 18 Prozent schéngen och net wëlles ze hunn sech un den Accord ze halen, well si wëllen och an Zukunft nach op esou Saachen zeréckgräifen. China gëlt als wichtegste Marché fir Elfebeen, virun allem Schmuck a Schëtzereien si ganz beléift. An Afrika stierwen all Joer ronn 20'000 Elefanten wéinst dem Braconnage.

A nach eng Info fir d'Recycléieren vu Emballagen...


Joghurtsdëppercher an aner Behälteren déi kënne recycléiert ginn brauche net nach gespullt ze ginn ier se an d'Tut kommen. D'Bechere musse net ganz fräi vu Reschter sinn. D'Offäll gi nämlech souwisou nach eng Kéier um Tipp gewäsch ier se weider verwäert ginn. Et geet duer wann d'Dëppche mam Läffel propper eidel gemaach gouf.