Gréng Minutten

21.02.2018 - 09:50

Nohalteg liewen heescht net nëmmen beim akafen ob eng Plastikstut ze verzichten oder Bio-Produiten ze kafen. Mat e puer einfachen Tricke kann ee säi Liewen méi einfach maachen an och nach Suen dobäi spueren.
21/02/2018 Gréng Minutten

D'Ëmwelt an de Portemonni schounen. Wien nohalteg liewe wëll muss net direkt säi ganzen Liewensstil ëmbauen. E puer kleng an einfach Moossnahmen kënnen op deem Plang scho vill veränneren.
Doheem kann een z.B d'Filtertut aus Pabeier duerch e Sift aus Metall ersetzen. Et ginn awer och Accessoiren déi ganz ouni Filter Kaffi maache kënnen. D'French Press z.B.
An enger Welt an där d'Elektronik sech esou rasant entwéckelt dass ee bal d'Gefill huet all 12 Méint e neien Handy oder Laptop ze kafen ass fir eis Ëmfeld och net grad dat gréngt vum Blat. Ech muss kengem méi erklären wéi vill Knascht an d'Ëmwelt verpolvert gëtt wann Apparater wéi Smartphonen oder PC'en hiergestallt ginn.  Dofir soll een dës esou laang wéi nëmme méiglech benotzen. Wichteg ass och déi Saachen dono net an d'Dreckskëscht ze geheien.
Wien vill ënnerwee ass dee soll och e bëssen matdenken. Et kann een z.B amplaz vum Bus oder Auto och mam Vëlo ob d'Aarbecht fueren. Am beschten fir déi eegen Gesondheet wier dann wann een ze Fouss geet.
Och e Coffe To Go ass net ganz Gesond. Zouginn et ass praktesch. Ma méi einfach ass et wann ee sech z.B doheem e Kaffi an e Becher fëllt deen een dann iwwerall mat hëlt. Et soll och keen Eemer Kaffi sinn soss muss erëm méi Plastik hirgestallt ginn.
E weideren wichtegen Punkt ob deen oppasse soll ass wéi dat wat ee grad kaf huet verschafft ass. Kritt een den Akku eraus. Kann een selwer eppes dru maachen wann et emol net méi esou ass wéi et ee sech dat erwaard. Ass dat net de Fall soll een hei op Alternativen zeréck gräifen.
Doheem mécht et och Sënn de Schäffchen net fir alles un ze maachen. Wien dann awer net ob den Uewen verzichte kann dee soll wéinstens ob d'Virhëtzen verzichten. D'Iesse brauch zwar méi laang. Ma et spuert ee 20% Stroum. Wien net alles Packt wat e sech gekacht huet. Dee soll d'Iessen eréischt dann an de Frigo stellen wann et ofgekillt ass. Soss entsteet hei eng Sauna dran an de Frigo schmëlzt wann e sech net ofkillt