Hollywood Reporter

12.07.2018 - 16:15

Enn den 80er war hien d'Sexsymbol vun Hollywood. De Mickey Rourke war ee vun de schéinste Männer am Filmgeschäft, ma Ugangs den 90er huet en dunn decidéiert fir seng Carrière als Boxer weider ze fueren. Eng gebrachen Nues a geschwollent Gesiicht hunn hier Spuren hannerlooss an déi vill Schéinheetsoperatiounen hunn net dozou bäigedroen dass de Schauspiller nach vill Offerte vun Hollywood krut. Ma entretemps zielt en nees zu de feste Gréissten am Showbiz, grad wéinst sengem entstallte Gesiicht, allerdéngs elo éischter als Charakter- an Aktionduersteller amplaz vum Sexsymbol. De Pit Biwer hat de Mickey virum Mikro:
12/07/2018 Hollywood Reporter