RTL Jobdag - Accueil Client, Mechatroniker, Beroder am Garage

31.05.2018 - 08:40

den RTL Jobdag ass näischt anescht wéi eng grouss Bourse wou Leit déi sichen sech begéine sollen. Op där enger Säit d'Patronen déi scho bal verzweiwelen well se déi richteg Leit net erbäi kréien an op där anerer déi Leit déi déi néideg Qualifikatioun mat sech bréngen awer bis elo net ënner Dag komm sinn. RTL versicht haut bis den Owend 18h00 ze vermëttelen.
31/05/2018 RTL Jobdag 2

No 9 zwee nei Patronen vun der Stonn. Gesicht gin e Comptabel, ee Coordinateur Comptable an en Aide Comptabel. Donieft nach e Magasinier fir de Verkaf. an en zweete Patron brauch onbedéngt en Installateur chauffage sanitaire. Vläit vill der Iech ugesprach. Detailer no de Neiegkeeten vun 09h00 hei um Radio oder zu all Moment op jobdag.lu oder um Tel. 1381.