RTL Jobdag - Grafiker, Schlesser, Monteur, Techniker, Camionschauffeur

31.05.2018 - 10:10

"Ech hu schonn esouvill Demande geschéckt, krut awer dacks mol keng Äntwert" Dat sinn Aussoen, déi een ëmmer nees vu Leit op Aarbecht Sich héiert. Vill Leit sinn op der Sich, d'Konkurrenz ass ebe grouss, Déi gutt Nouvelle: haut um RTL Jobdag an der City Concorde hutt Dir d'Geleeënheet Iech direkt perséinlech bei de Patronen déi astellen, virzestellen. Patrick Greis a Raphaëlle Dickes, watfir Plazen hätt Dir ze bidden?
31/05/2018 Jobdag 10:10

An enger gudder Stonn siche mer Educateuren a Leit déi sec gutt an der europäescher Aktualitéit auskennen.