Karaoke King

16.09.2013 - 16:40

© afp
Mir hiewen de Rideau op eiser Radiobühn a ginn iech d'Chance, är Freed um Sange mam ganze Land ze deelen. Talent ass keng Viraussetzung, an alles ass erlaabt. Dës Woch séngt d'Elisabeth vun Eesbech.
16/09/2013 Karaoke King

Seng Energie geet zum Gréissten Deel an d'Erzéiung vu senge 5 Kanner, mä e bëssen Zäit bleift donieft och fir de groussen Hobby Sangen.

Als Lidd huet et sech "Love Will Keep Us Alive" an der Versioun vun den "Eagles" erausgesicht.

Mellt iech un als Kandidat mam Stéchwuert "Karaoke" op der SMS-Nummer 62468. (fir 50 Cent de Message)