Karaoke King

14.10.2013 - 16:40

© afp
Mir hiewen de Rideau op eiser Radiobühn a ginn iech d'Chance, är Freed um Sange mam ganze Land ze deelen. Talent ass keng Viraussetzung, an alles ass erlaabt. Dës Woch séngt d'Lauren aus der Stad.
14/10/2013 Karaoke King

Et huet eréischt 16 Joer, mä seng Léift fir d'Sangen huet sech scho ganz fréi bei him gewisen. Als Lidd huet et sech "Unfaithful" vum Rihanna erausgesicht.

Mellt iech, äre Grupp oder är Gesangs-Equipe un als Kandidat(en) mam Stéchwuert "Karaoke" op der SMS-Nummer 62468. (fir 50 Cent de Message)