Karaoke King

21.10.2013 - 16:40

© afp
Mir hiewen de Rideau op eiser Radiobühn a ginn iech d'Chance, är Freed um Sange mam ganze Land ze deelen. Talent ass keng Viraussetzung, an alles ass erlaabt. De Jerry traut sech déi kéier virun de Mikro.
21/10/2013 Karaoke King

Nieft der Photographie ass d'Sangen eng weider Leidenschaft vum Mann mam markante Schnauz. Als Lidd huet hien sech "My Way" vum Frank Sinatra erausgesicht.

Mellt iech, äre Grupp oder är Gesangs-Equipe un als Kandidat(en) mam Stéchwuert "Karaoke" op der SMS-Nummer 62468. (fir 50 Cent de Message)