Karaoke King

04.11.2013 - 16:40

© afp
Mir hiewen de Rideau op eiser Radiobühn a ginn iech d'Chance, är Freed um Sange mam ganze Land ze deelen. Talent ass keng Viraussetzung, an alles ass erlaabt. Dës Woch séngt d'Kelly vu Colmar.
04/11/2013 Karaoke King

Et huet eréischt 14 Joer, a séngt scho säi ganzt Liewe laang. Et ass ënnert anerem e Member vun den "Chakas". Als Lidd huet et sech "Rolling In The Deep" vum Adele erausgesicht.

Mellt iech, äre Grupp oder är Gesangs-Equipe un als Kandidat(en) mam Stéchwuert "Karaoke" op der SMS-Nummer 62468. (fir 50 Cent de Message)