E Sonndeg ass schonn déi 41. Editioun vum indesch-nepalesche Bazar am Centre Culturel zu Sandweiler. Hei kann een Traditiounen, Produiten a Spezialitéiten aus de Géigende kenneléieren an entdecken. An natierlech och déi indesch Kichen genéissen. Organiséiert gëtt de Bazar vun Aide à l'enfance de l'Inde, déi domadder och sozial Projeten ënnerstëtzen. D'Directrice Françoise Binsfeld erkläert eis alles a bréngt och e Rezept mat.
All Kichen huet hir Identitéit an déi kann esouguer vun der UNESCO geschützt ginn, wéi de belsche Béier, den Thüringer oder déi italienesch Pizza. De Carlo Sauber mécht mat eis e kulinareschen Tour a schwätzt och vun der Migratioun vun de Rezepter tëscht verschiddene Regiounen oder Länner. E Beispill, wou et esouguer Sträit gouf: de Wiener Schnitzel an d'Escalope Milanaise.
Mir sinn um Enn vum Joer ukomm an déi meescht vun eis hu vill gekacht a vill giess an denke sécher drun, datt se um Ufank vum neie Joer wëlle méi lues maachen. Op wat soll een dann am beschten zeréckgräifen a wat ass iwwerhaapt an der Wanterkichen alles ze fannen, wat passt. An der Weekendronn hate mer mat zwee Käch doriwwer Rieds. De Joël Schaeffer huet gemengt dat Battert kéim grad gutt no deene méi fettegen an deftege Feierdeeg. An och de Christophe Fiegen setzt op Zalot aus der Saison mat Vinaigrette.
Et muss net ëmmer d'Dinde oder de Saumon sinn, dës Woch zaubert eise Kach Christoph Fiegen e Bbq-Menü fir Chrëschtdag.
Elauter gutt Saachen, déi elo fir Kleeserchesdag a Chrëschtdag op den Dësch kommen. De Joël Schaeffer verschafft dat alles op seng kreativ Manéier: Spekuloos-Tiramisu oder Liefkuch-Crème brulée.
Och Fësch kann ee sech sauer amaachen... Den Ament ass d'Zäit vun den Hierken, dat gëtt et och nach Matjes a Béckerléck a Rollmops ... De René Paulus mécht Hierken an.
D'Beem hounge voll. D'Sonn hat d'Uebst verwinnt a besonnesch bei den Äppel gouf et eng räich Recolte- mä wat maache mer elo dermat. Wéi kënne mer se halen, versuergen, preparéieren. De Joël Schaeffer kacht a bracht mat Äppel.
Dikrech ass eng kulinraesch Héichbuerg. Hei gouf et den éischte Stäre-Restaurant vu Lëtzebuerg an och den éischte Restaurant mat zwee Stären am Land. Bei Hiertzen Helène war et an de Kach mam Stär huet de Carlo Sauber mat an d'Emissioun bruecht. An an engems huet de Carlo Sauber och nach déi Dikrecher Versioun vum Kuddelfleck zerwéiert.
Et gëtt der fir all Goût, et gëtt der mat all Goût an de Carlo Sauber bréngt aus haut op de Goût. Et gëtt Glace! E puer Rezepter vum Carlo Sauber.
Kachen- esou genéisst Lëtzebuerg heescht den eenzege Lëtzebuerger Magazin, deen et elo an däitscher an och an englescher Sprooch gëtt an dee fir den Hierscht och op franséisch soll erauskommen. D'Nofro no Kachen, Iessen a Lifestyle ass grouss an den Intérêt Neits z'entdecken, ze schmaachen an natierlech nozekachen och. Déi aktuell Editioun ass da ganz rout-wäiss-blo, passend zum Nationalfeierdag. D'Bibi Wintersdorf erkläert.
Et ass d'Saison vum Uebst... Äerdbier, Kiischten, Aprikosen an nach eng ganz Partie aner Zorten sinn ënnerwee. Am beschte schmaacht et frësch, mä fir et méi laang ze halen, gëtt et d'Méiglechkeet Gebeess ze kachen oder Kompott ze maachen. De René Paulus hëlt sech där Saach emol un.
Dee beschte Plat kann nëmme gutt ginn, wann en och déi beschte Produite kritt an de richtegen Know-how fir en ze preparéieren. Dës Woch ass de Carlo Sauber mat senge Schüler um Maart an der Stad. Mir si mat derbäi, ginn akafen a schmaachen.
Et gi se fir all Goût a fir all Occasioun. Der Fantasie sinn dann och keng Grenze gesat, wann een der selwer mécht. De René Paulus schwätzt mat eis iwwer Quichen.
Wien et gär sauer huet, dee kënnt haut beim Dessert op seng Käschten. De Joël Schaeffer zerwéiert eis eng "Tarte au Citron".
De Carlo Sauber proposéiert: Pissenlit Knospen fritéiert am Tempura Deech, am Esseg agemaachten Bratzlesbléien an e Brennessel-Gratin mat Nëss Crumble.
Spinat mécht Muskelen, huet de Popeye ëmmer versprach. Vläicht war et och just fir déi z'iwwerzeegen, déi dat gréngt Geméis net esou gär hunn. Mir këmmeren eis haut dorëms, awer och ëm ähnlecht Gréngs: Mangold oder Blette an Pak Choi. De Christoph Fiegen zerwéiert.
Haut mam Sylvie Bisdorff, et gëtt Saumon fir Silvester
Fir déi Leit déi et gäre méi liicht mam Iessen op de Feierdeeg huelen an mol eng Kéier Eppes anescht probéieren, fir déi huet d'Sylvie Bisdorff genee dat richtegt Rezept fir e gudde Sylvestermenu an d'Michèle Schons war mat bis an d'Kiche luussen:
Zesumme mam Sylvie Bisdorff preparéiere mer haut eng Entrée fir Sylvester
D'Feierdeeg sti virun der Dier, a wäerte wéi sou dacks, stresseg ginn. Besonnesch fir déi Leit, déi doheem kachen, kéint d'Feierdagsstëmmung leiden. Eise Kach Carlo Sauber huet eis dowéinst de Moien an der Freidesronn puer gutt Tipps mat op de Wee ginn, fir ouni Stress ze kachen.