Kachen um Samschdeg mam René Paulus - Faarweg Geméislasagne

07.10.2017 - 09:15

Et muss net ëmmer Bolognese, oder Carbonara si wann et ëm Pasta geet, Eng Lasagne zum Beispill kann een och op eng ganz aner Manéier preparéieren, d'Michèle Schons huet dem René Paulus iwwert d'Schëller geluusst:
07/10/2017 Kachen um Samschdeg - Faarweg Geméislasagne (R. Paulus)

Fir 6 Persounen

Zoutaten

500g rout Rommelen (oder Tomaten)
400g jonken Spinat
3-4 Séissgromperen
12-14 Platten Lasagne
0,2l Ram (ongeféier)
50 g Botter
50 g Miel
3/4l Mëllech
Salz
Muskotnoss
2 Knuewelekszéiwen
2 Zwiwwelen
4 EL Olivenueleg
300g geriwwenen Ementaler oder Gouda


Zoubereedung
-Fir d´Béchamelzooss de Botter an engem Dëppe schmëlzen an d´Miel ënnerréieren. Mat waarmer Mëllech opfëllen an ong. 10 Minutten liicht kache loossen. Opgepasst: ëmmer ëmréieren. Mat Salz, Peffer a Muscat wierzen.

-D´Gromperen schielen, wäschen an an dënn Rondele schneiden
-De Spinat wäschen an dréchnen
-Knuewelek an Zwiwwele schielen, fein wierfelen, am Ueleg ubroden, de Spinat derbäi ginn an 1 Minutt gäre loossen. Mat der Ram vermëschen a mat Salz a Peffer ofschmaachen

-Den Bakuewen virhëtzen op 175°C Ëmloft.
-Rout Rommelen ofdrëpse loossen an de Jus opfänken an a kleng Wierfelen schneiden. En Deel vum Jus mat 1/3 vun der Béchamel vermëschen

-De Buedem vun der Bakform mat e bësselchen rouder Béchamel iwwergéissen, dann 4 Lasagneplatten drop verdeelen an d´rout Rommelstécker doriwwer verdeelen a mat dem Rescht rout Béchamel iwwerzéien
-Nees 4 Lasagneplatten drop verdeelen a mat dem Spinat beleeën, doriwwer nees 1/3 vun der wäisser Béchamel
-Nees 4 Platten drop verdeelen, e bëssen Béchamel driwwer, d´Séissgromperen drop verdeelen a mam Rescht vun der Béchamel iwwerzéien

-Emmentahler oder Gouda driwwer streeën an ong. 1 Stonn am Uewe baken.