Kachen um Samschdeg mam Tom Marson - Strudel mat Bëschchampignonen a Mauséiercherszalot

14.10.2017 - 09:15

Et gëtt näischt Besseres wéi frëscht Uebst oder Geméis déi grad Saison huet, an am Hierscht läit et do natierlech op der Hand dass mer Champignone plécke ginn. D'Michèle Schons huet de Kierfche schonn am Grapp:
14/10/2017 Kachen um Samschdeg mam Tom Marson - Strudel mat Bëschchampignons

Besch-Champignons-Strudel op enger Mauséiercherszalot mat Nëss
 
 
500 – 600 Bësch Champignon’en
Schnatz Botter
Piniekäeren
Geméis Brunoise (Wuerzel an Zelleri)
Geméisfong
Strudel-Deeg oder Alternativ Bliederdeeg
Mauséiercherszalot
Nëss
Eeër
Parmesan
Olivenueleg
 
 
•    Bësch Champignon gutt mat engem Pinsel botzen.
•    Geméisbrunoise liicht blanchéieren
•    Piniekäeren liicht an enger Pan ouni Fett brong gi loossen
•    Den Botter zu engem Nossbotter schmëlzen an d’Champignon’en gutt schwenken.
•    Dann gi mir d’Geméisbrunoise an d’Piniekäeren dobäi
•    Dat Ganzt mat Salz wierzen an mam Geméisfong ofläschen a bëssi akachen loossen.
•    Mir stellen dat op d’Säit a loossen d’Champignon’en ofkillen
•    Den Strudel-Deeg mat Olivenueleg a Parmesan besträichen.
•    D’Champignon’en ginn elo längelzeg op den Deeg geluecht, an da gutt fest zu enger Strull zesummen gerullt.
•    Mat bëssi Olivenueleg besträichen an 5-6 Minutten bei 160 Grad am Schäffchen brong gi loossen.
•    Dat Ganzt zerwéieren mir mat enger Mauséiercherszalot Zalot, Nëss a bei Loscht e puer Wierfelen waarmen Zelleri.