Kachen um Samschdeg mam Tom Marson - Käschtenzopp a Käschtengnocchi

21.10.2017 - 09:15

Mir kennen se als Maroun, als Maroni, oder och als Käschten, an et ass net nëmmen eng gutt Heizung fir d'Hänn op engem Chrëschtmaart, ma et kann een nach vill aner Saache mat de Maron'e maachen. D'Michèle huet dem Kach iwwert d'Schëller geluusst:
21/10/2017 Kachen um Samschdeg mam Tom Marson - Käschtenzopp an Gnocchi

Käschtenzopp
 
500 g Käschten (sous-vide gekacht)
1,5 Liter Geméisfond
½ Liter Ram
Salz
4 Wierfel Zocker
Bëssi Olivenueleg
 
•    Käschten kuerz am Schäffchen dréchnen bei 180 Grad
•    An engem Dëppen ginn d’Käschten iwwerdeckt mam Geméisfong mëll gekacht.
•    Bei Bedarf ëmmer erëm mam Bouillon opfëllen.
•    D’Käschten eraus huelen wann se mëll sinn, mam Stabmixer püréieren
•    Dann erëm zeréck an den Geméisbouillon dran réieren an lues kachen loossen
•    Zockerwierfelen ginn am Olivenueleg karamelliséiert an mam Ram ofgeläscht
•    Da loossen mir den Karamell kachen bis en sech ganz opgeléist huet
•    Zum Schluss gi mir d’Ram bei d’Zopp dobäi, dat ganzt nach eng Kéier schaimeg gemixt, an mat Salz gewierzt.
 
 
Käschten Gnocchi

 
1 kg Gromperen
400 g Miel
300 g Käschtemiel
1 Ee
Salz, Peffer an Muskotnoss
 
 
•    Gromperen gi gekacht a püréiert.
•    Wann de Püree bëssi ofgekillt ass gi mir en Ee an d’Miel dobäi.
•    Mat Salz, Peffer a Muskot wierzen.
•    Da maachen mir mat där Mass längelzeg Strullen.
•    Opgepasst, ëmmer bëssi Miel op den Dësch maachen net dass d’Strulle peche bleiwen.
•    Déi ginn da geschnidden an 1 cm deck Stecker an am Salzwaasser gekacht.
•    Zum Schluss kann een se nach am Botter schwenken.