Kachen um Samschdeg mam Tom Marson - Kürbis/Pastinakenzopp

28.10.2017 - 09:15

Eng gutt Zëppche kënnt op deene kalen Owender elo wéi geruff, dofir huet d'Michèle haut d'Schiertech ugedoen, an hëlleft mat d'Geméis kleng schneiden:
28/10/2017 Kachen um Samschdeg mam Tom Marson - Kürbis/Pastinaken Zopp

Kürbis-Pastinaken Zopp
 
250 g Kürbis (Hokkaido oder Butternut)
250 g Pastinaken
250 g Wuerzel
Bëssi Zelleri
1 Ënn
Olivenueleg
Geméisfong
Bliederdeeg
 
•    D’Geméis gëtt geschielt, gewäsch an a Wierfele geschnidden
•    Am Olivenueleg schwenke mir eng geschnidden Ënn a ginn dann d’Geméis dobäi.
•    Dat Ganzt fëlle Mir op mat Geméisfong a loossen alles mëll kachen.
•    Zum Schluss gëtt d’Zopp gemixt an mat Salz ofgeschmaacht.
•    Wann d’Zopp kal ass, gi mir se an Zoppebollen.
•    Wann ee wëll kann ee Kürbiskären oder Kürbiskärenuelech dobäi ginn.
•    De Bliederdeeg gëtt ausgerullt, a ronn ausgeschnidden
•    Opgepasst, de Bliederdeeg muss ongeféier 1 cm méi grouss ausgeschnidden gi wéi den Duerchmiesser vum Zoppeboll.
•    Den Rand vum Boll gëtt mat kalem Waasser liicht ugefiicht, an da bedecke mir dësen Boll mam Bliederdeeg an drécken e liicht um Rand un
•    Et kann een och e Muster ausschneiden an op den Deeg peche mat Eegiel.
•    Dann den Deeg mat Eegiel besträichen a bei 170 Grad ongeféier 20 – 30 Minutte baken