Kachen um Samschdeg mam Tom Marson - Kéistaart mat Ricotta an Amarettini

04.11.2017 - 09:15

Vläicht hutt der den Owend Besuch a sicht nach de passenden Dessert? D'Michèle Schons huet dem Kach iwwert d'Schëller gekuckt, fir eng flott Iddie ze kréien.    
04/11/2017 Kachen um Samschdeg mam Tom Marson - Kéistaart mat Ricotta

Ricotta Taart mat Amarettini’en
 
100 g Amarettini
100 g Petit-Beurre Kichelcher
1 Zoppeläffel Zocker
150 g mëlle Botter
 
3 Eegiel
300 g Ricotta
100 g Zocker
250 g Ram
2 Zoppeläffel Miel
Bëssi Vanill (frësch oder Extrakt)
 
•    D’Amarettini’en, d’Petit Beurre’s Kichelcher, de Botter an den Zocker ginn an engem Cutter gemixt
•    Mat der Mass den Taartebuedem ausleeën, am beschten mat der Hand reegelméisseg verdeelen an undrécken.
•    Den Recht vun den Zutaten gi gutt zesummen verréiert an zum Schluss hiewe mir 3 opgeschloen Eewäiss drënner.
•    Dat ganzt dresséiere mir an eis Taarteform mam Buedem dran a baken se bei 150 grad ongeféier 40 Minutten