Mir maachen Hierken an

17.11.2018 - 10:45

Och Fësch kann ee sech sauer amaachen... Den Ament ass d'Zäit vun den Hierken, dat gëtt et och nach Matjes a Béckerléck a Rollmops ... De René Paulus mécht Hierken an.
17/11/2018 Weekend Ronn Kachen

Agemaachten Hierken

6 – 8 Salzhierken (a Mëllercher)

½ l Ram (eventuell e bessi Sauerram)

5 Pefferkären

2 Lorbeerblieder

2 Gewürznelken

2 Zwiwwelen

2 Äppel

0,1 l Esseg

D´Haut vum Filet erofzéien, gutt botzen a mat de Mëllercher ongeféier 12 Stonne wässeren. Dobäi d´Waasser öfters wiesselen.

Fir d´Sauce gin d´Mëllercher duerch en dënne Sift passéiert.

Zwiwwelen a Réng schneiden. Äpel wierfelen a mat de Gewierzer vermëschen.

Duerno den Esseg, d´Mëllercher an d´Ram derbäi ginn a vermëschen.

D´Hierken an eng Schossel aus Stee leeën, d´Zooss driwwer schëdden an zougedeckt 2-3 Deeg am Frigo marinéieren.

Do derbäi zewéiert ee gekachten Gromperen.