De Film vun der Woch

09.10.2015 - 08:15

"Eng nei Zäit" vum Christophe Wagner
09/10/2015 De Film vun der Woch

Et kléngt bal wéi e Klischee, mä iergendwéi huet een d’Gefill dat zënter dem Oscar fir de «Monsieur Hublot» de Kino « made in Lëtzebuerg » amgaang ass reegelrecht ze « explodéieren ». Net nëmmen dat mir mëttlerweil an engem Otemzuch mat Literaturnobelpräisdréierinne genannt ginn – de Pol Cruchten huet der Svetlana Alexievich hirt Buch « La Supplication/Voices from Cherbobyl » verfilmt, net nëmmen dat international unerkannte Regiegréisste wéi de Belsch Jaco Van Dormael (Le Tout Nouveau Testament) oder den Englänner Terence Davies (Sunset Song) hir Filmer mat Lëtzebuerg als Koproduzent dréien, mä och Lëtzebuergesch Filmer a Lëtzebuerger Sprooch ginn ëmmer méi ambitiéis an och ëmmer besser. An der kënnt iech jo virstellen dat ee wéi ech, deen onse Kino quasi vum éischte Moment un an der éischter Rei matverfollegt huet, sech immens iwwer déi positiv Entwécklung freet.
 

2012 huet de Christophe Wagner scho mat sengem éischte Spillfilm, dem Krimi « Doudege Wénkel », fir vill Opreegung gesuergt an och masseweis Leit an de Kino gelackelt. Lo, dräi Joer méi spéit, während deenen de Christophe sech vill Zäit geholl huet fir säi neie Film bis an de leschten Detail ze fignoléieren, kënnt also e Film an eis Kinoen, vun deem een an e puer Joer soe wäert, dat et eng Zäit virun an eng Zäit no ENG NEI ZÄIT ginn ass. Mir si mëttlerweil mat eisem Kino, mat eise Regisseuren, eise Schauspiller, eisen Techniker, eisen Dréibuchauteuren, eisen Dekorateuren asw op engem Niveau ukomm, bei deem och auslännesch Spezialisten, déi gewinnt si mat vill méi groussem finanziellen Opwand ze schaffen, an d’Staune kommen, wann se gesi wat een hei am Land mat engem Budget vun 3.8 Milliounen Euro ufänke kann.
 

Am Virfeld vun ENG NEI ZÄIT gouf zwar hei an do gegrommelt, « nee, net schonn nees e Film bei deem et ëm den 2.Weltkrich geet, mä éischtens ass dat keen Argument, an zweetens grommelt elo guer kee méi, nodeems mer d’Resultat gesinn hunn – au contraire, déi meescht vun de Kritiker ware baff, nodeems am Kino d’Luuchten nees ugaang sinn. Well dem Christophe säi Film, deen hien zesumme mat Viviane Thill geschriwwen huet, ass net nëmmen e formidabel gemaachte Stéck richtege Kino, mä et ass och eng Form vu couragéiertem Kino, deen eng Epoch behandelt, direkt nom Krich, wou et hei am Land drënner an driwwer gaangen ass, wou Saache geschitt sinn, déi d’Land ënnerden Dësch kiere wollt an déi réischt an de läschte Méint richteg op d’Tapéit koumen, ënner anerem am Artuso-Rapport. An ech ka mer virstellen dat och an de Kreesser vun eise Resistenzler bei verschiddenen Zeene mat den Zänn gegrätscht gëtt. Op jidder Fall wäert ENG NEI ZÄIT net einfach sou laanscht d’Publikum goen, mä an den nächste Wochen a Méint fir vill Opreegung an Diskussioune suergen.
 

Dat Ganzt baséiert op historesch Fakten, déi fir de Besoin vum Film natierlech fiktionaliséiert an dramaturgesch agepaakt goufen, well et jo keen Dokumentar- méi e Fiktiounsfilm sollt ginn, deen an d’Geschicht vun eisem Land direkt nom Krich verpakt goufen. Mir sinn 1945, no der Ardennenoffensiv, an de Krich ass eriwwer. De Jules, deen a Frankräich am Maquis gekämpft huet, kënnt a säin Heemechtsduerf zeréck, fir sech en neit Liewen opzebauen. Säin Duerf huet – grad wéi d’ganzt Land – ënner dem Krich gelidden an elo gëllt et, déi Wonnen, déi d’Nazioccupatioun am Land opgerappt huet, ze pléischteren. De Jules kritt eng Aarbecht bei der Gendarmerie. Seng Freiesch, déi als Mod um Haff vun engem däitsche Bauer schafft, gëtt um Waldhaff zesumme mam Bauer a senger Famill op brutal Aart a Weis ëmbruecht, wat de Jules natierlech komplett aus der Bunn wërft. Sou kloer wéi d’Gendarmerie an d’Sûreté de Fall duerstellen ass d’Affär awer net, an de Jules wullt a wullt am Dreck bis dat hien net nëmmen d’Autoritéiten mä quasi d’ganzt Duerf géint sech huet…
 
Filmer iwwert de Krich oder d’Konsequenze vum Krich bedéngen sech oft enger Zort Schwaarzwäissmolerei, bei deier nawell gär mat Klischeeë geschafft gëtt – dat war hei am Land mat anere Filmer net anescht – mä bei ENG NEI ZÄIT ginn et weder Schwaarzer nach Wäisser, mä alles, all Personnage inklusiv de Jules sinn iergendwéi gro, zwiespälteg, hunn eppes méi oder manner ze verstoppen, hunn sech net onbedéngt exemplaresch vis-à-vis vun hire Matmënsche beholl – an all dat kënnt elo, wou d’Land soll nei opgebaut ginn, op den Teppech. En Teppech ënnert deem dann elo endlech, 70 Joer nom Enn vum Krich, en Deel vum Stëbs erausgekiert gëtt, deen anerer léiwer drënner gelooss hätten.


Ofgesi vum historeschen an zum Deel explosive Kontext, an deem d’Geschicht vun ENG NEI ZÄIT sech ofspillt, ass dëst – an dat wëll ech als Kompliment weidergi – deen « amerikaneschste Film » dee jee bei ons gedréint gouf. De Christophe a säin « directeur de la photo » Jako Raybaut hu ganz staark a ganz bewosst mat der Billersprooch vum groussen, klassesche Kino geschafft, fir Biller ze molen, déi ee vun der Atmosphär hier u Western wéi « McCabe and Mrs.Miller », « The Searchers », « Jeremiah Johnson » oder och nach « Heaven’s Gate » erënneren. Onst Éisléck gouf nach ni sou spektakulär an d’Bild bruecht wéi hei, Dekoren an Dréiplaze goufen akribesch erausgesicht an zum Deel digital verännert, d’Kostümer, d’Coiffuren, d’Accessoiren an d’Miwwel an den Zëmmere – alles dat wierkt sou authentesch wéi a kengem vun onse Filmer virdrun. An d’Rolle si bis op deen allerklengste Personnage mat Lëtzebuerger Schauspiller besat, déi nach NI sou dirigéiert goufen an sou iwwerzeegend eriwwer kommen. Eise Kino ass mat ENG NEI ZÄIT op deem Niveau ukomm, wou en higehéiert ! A wann ee kuckt wat nach an der Pipeline stécht, ass dat just en Ufank !