Mäin HandwierkAlexandra Delahaye - Estheticienne

D’Alexandra Delahaye ass begeeschtert vun hirem Beruff als Estheticienne, a firwat si sech grad dëse Beruff erausgesicht huet, erzielt si eis elo hei.

Mäin Handwierk: Alexandra Delahaye


An engem Salon këmmert sech eng Estheticienne em d’Wuelbefanne vun hire Clienten. Zu hiren Aufgabe gehéieren zum Beispill verschidde Gesiichts- wéi och Kierperbehandlungen. An der Berodung vum Client gëtt no der Analyse vun der Haut déi optimal Fleeg a Behandlung festgeluecht. Dës sinn  dorobber ausgeluecht déi natierlech Schéinheet ervirzehiewen.

Mat verschiddene kosmetesche Produiten oder awer och Apparater gëtt dann d‘Behandlung oder d'geziilte Moossnam wéi z.B: eng Epilatioun virgeholl.. D’Schéinheet vun den Hänn, de Féiss awer och vun den Neel gehéieren och zu den Aufgabe vun enger Estheticienne.

En ganz wichtegen Aspekt bei dësem Beruff ass de gudde Kontakt mam Client, well am Virgespréich mat dësem, geet et net nëmmen dorëms erauszefanne wou seng Bedürfnisser leien, mee och en entspaant Vertrauensverhältnis fir de spéideren Traitement opzebauen.

D‘Gestioun vun engem Salon, esou wei eng kompetent Berodung beim Verkaf vu verschiddene kosmetesche Produiten, gehéiert och zur dagdeeglecher Aarbecht.

Wien sech als Estheticienne well ausbilde loossen, kann een DAP (diplôme d’aptitude professionnelle) an dësem Beruff maachen. Dës Ausbildung dauert am Prinzip 3 Joer, a leeft ënnert der Forme vun der « formation concomitante ». De prakteschen Deel vun der Ausbildung gëtt am Prinzip an der Entreprise gemaach an den theoretesch Deel an engem Lycée technique.

Et kann een och eng Meeschterprüfung an dësem Beruff maachen an.