Den Tram schéngt vu praktesch alle Säiten als Patentléisung fir d'Verkéiersproblemer an der Stad gedroen ze ginn. D'ASBL "Innovatioun Öffentlechen Transport" hält awer dogéint mat engem Projet, deen en Deel vum Verkéier vum Buedem an d'Loft versetze kéint. Mir hunn eis d'Virdeeler vun der Seelbunn vun engem vun den Initiateuren erkläre gelooss.