Mobilitéitsdag: Stau...

12.05.2014 - 09:25

Meeschtens reege mer eis jo schon op wa mer mol e puer Minutten am zéifléissende Verkéier hänken, oder wann de Staumelder am Radio eis viru Problemer op de Stroosse warnt....  Mee dat ass jo nach guer näischt wann een dat mam Stau aus den 80er tëscht Lyon a Paräis vergläicht, wou d'Leit 176 Kilometer am Stau stoungen. An esou engem Fall interesséiert et dann och kee méi wéi dee Monstrum iwwerhaapt zustane koum... Wéi gesäit et dann iwwerhaapt hei am Land mat de Stauen aus?
12/05/2014 Stau