Anekdot aus der Musekwelt

20.03.2017 - 20:03

Haut viru 40 Joer hunn T. Rex hire leschte Concert ginn. Den 20. Mäerz 1977 zu Portsmouth an England. 10 Joer laang gouf et d'Band ronderëm de Sänger, Schreiwer a Gittarist Marc Bolan deen och am September vun deem nämmlechte Joer an engem Autosaccident gestuerwen ass.
1977 war och dat Joer an deem de leschten Album vun T. Rex eraus koum.
Grouss Hits vun der englescher Band :  "Hot Love", "Get It On", "Telegram Sam", "Metal Guru" oder dee Song dee mer lo lauschteren : "Children of the Revolution".

Haut viru 40 Joer hunn T. Rex hire leschte Concert am berühmten 'Locarno' zu Portsmouth an England gespillt. Eng Band vun där an der Tëschenzäit eng ganz Rei vun de Memberen net méi liewen.