Country CD-Tipp: Trace Adkins – Something's Going On

23.04.2017 - 13:50

Mam „Something's Going On“ presentéiert den Trace Adkins säi 16. Studioalbum zanter sengem Debut am Joer 1996. De Ritchie mat den Detailer iwwert de Kënschtler a säin neit Wierk.
23/04/2017 Country CD Tipp Trace Adkins "Something going on"

Den Trace gëtt den 13. Januar 1962 zu Sarepta am Louisiana als Tracy Darrell Adkins gebuer. Obwuel säi Monni e professionelle Museker war, ass et awer säi Papp, deen him un d'Häerz leet, e soll léiere Gittar ze spillen. Op der Highschool gëtt den Trace da Member vun der Gospel-Band „The New Commitments“. Während senger Zäit op der „Louisiana Tech University“ spillt den 1,98 Meter groussen Trace zwar mat groussem Succès am „Bulldogs Football Team“, mä et ass awer d'Musek déi säi gréissten Intressi behält.
 
Säin Ziel Profi-Museker ze ginn, gëtt awer kuerz ënnerbrach, wéi e bei engem Autosaccident dee klenge Fanger vun der lénker Hand verléiert. E kann d' Dokteren deemools awer iwwerzeegen, säi Fanger an engem Wénkel unzebitzen, deen him et erméiglecht Gittar kënnen ze spillen.

Kuerz duerno plënnert hien op Nashville a spillt a villen Honky Tonk-Baren, wou en och entdeckt gëtt, a mat engem Kontrakt bei engem grousse Label belount gëtt. 1996 kënnt säin Debutalbum „Dreamin' Out Loud“ eraus, deen direkt e grousse Succès gëtt. D'Singleauskoppelung „(This Ain't) No Thinking Thing“ gëtt 1997 säin éischten Top-Hit an de Country-Charts.

Nieft sengem Job als Museker steet en Trace Adkins och mol gäre virun der Kamera sief et fir Kino-, oder TV-Produktiounen. Ganz rezent huet hien am Film „Abilene“, zesumme mat Stare wéi Kris Kristofferson a Bruce Dern, matgespillt



„Jesus And Jones“, dëse Song gouf schonn 2015 als éischten Titel vum neien Album „Something's Going On“ verëffentlecht, a weist den Trace a gewinnter rockeger Manéier, net fir näischt gëtt hie gären als de Rockstar ënnert de Countrymuseker bezeechent. Un dësem musikalesch Konzept hält den Trace elo schonn zanter 21 Joer fest, an dat ass och gutt esou. Vum Mister Adkins erwaart ee sech einfach keen anere Musekgenre, doranner si sech esouwuel d'Fans wéi och d'Kritiker eens.

Een anert wichtegt Konzept a senger Aart a Weis fir ze schaffen ass déi, dass sëllech renomméiert Songwriter vun Nashville dem Trace Material schécken, esoubal se spatz kréien, dass hien un engem neien Album schafft. Den Trace däerf sech an Tëschenzäit dann och de Luxus leeschten sech déi Songs eraus ze sichen, déi him am beschte gefalen.

De Choix vun deenen 12 Songs um neien Album sinn déi Kéier esou gutt, dass den Trace selwer seet en hätt sech an al eenzele Song verléift, an dass „Something's Going on“ säi beschten Album a senger Karriär ass. Dës Ausso bezitt sech net nëmmen op d'Musek selwer, mä och op d'Texter, déi dës Kéier nach méi perséinlech ausgefall sinn, wéi een dat vum Trace Adkins souwisou scho gewinnt ass.

En Däitsche Kritiker huet et genee op de Punkt bruecht, hien huet geschriwwen: „Ass et méiglech, dass ee fantastesche Kënschtler mat de Joren nach besser gëtt? Den Trace Adkins liwwert mat „Something's Going On“ de Beweis.

Hei dann elo den Trace Adlkins mat engem méi rouegen Titel, an dat ass déi aktuell Single „Watered Down“.