Anekdot aus der Musekwelt

20.04.2017 - 20:03

Viru 25 Joer war am Londoner Wembley-Stadion de groussen 'Tribute Concert for Aids Awareness'. Ronn 4 Méint nom Dout vum Freddie Mercury hunn déi aner 3 Queen-Museker virun 72.000 Mënsche gespillt.
De Concert ass live op Tëlee a Radio iwwerdroe ginn.. an dat a 76 Länner op der Welt.
Mat vun der Partie waren Bande wéi Metallica (...)  Extreme, Guns N’ Roses oder Def Leppard.
De Bob Geldof ass opgetrueden.
Mat den dräi Queen Membere gesongen hunn Zucchero, Robert Plant, Elton John, Seal, Liza Minelli, George Michael, David Bowie an Annie Lennox... an an an...  an d'Elizabeth Taylor huet eng Ried gehal.
Mat deem wat um Concert era koum ass de 'Mercury Phoenix Trust' gegrënnt ginn.
Hei awer Musek vu Queen wou de Freddy hannert dem Mikro steet.


(Queen : Innuendo)