One for the Road

21.04.2017 - 17:40

Haut ass den éischten Doudesdag vum Prince. Et war kuerz virun 19:00 wou d'Noriicht koum. Ongewëss wat soll geschitt sinn. Mysteriéis wat Doudesursaach vum Multi-Talent ubelaangt huet.
Séier war awer gewuer ze ginn, dass de Prince un enger Iwwerdosis Medikamenter gestuerwen ass.
D'Ermëttlunge lafe wuel nach, awer Deeler vu Berichter no, déi publizéiert goufen, hat de Kënschtler wierklech e risege Stock u Medikamenter doheem.
Eigentlech hätt jo Haut sollen eng EP mat 6 Prince-Songs eraus kommen. Lidder déi de Produzent Ian Boxill iwwerschafft huet a wollt ënner d'Leit bréngen.
Dogéint hunn d'Ierwe prompt geklot. An esou ass de Mini-Album gestoppt well d'US-Bundesgeriicht den Ierwe Recht ginn huet.
57 Joer al gouf de Prince. E Museker dee schei war, deen net vill Interviewe ginn huet.
Deen annerhallwe Meter grousse Gigant, Sänger, Multiinstrumentalist, Komponist, Produzent, Schauspiller, Regisseur, Rebell, Exzentriker, Narzist, Mystiker, Illusionist, a Sexfanatiker...... trotz där laanger Opzielung fehle bestëmmt nach vill aner Eegenschaften oder Talenter.
De Prince war speziell. An dat war en Deel vum Geheimnis wat hien dann och erëm 'speziell' gemaach huet.