Country CD-Tipp: Ron Pope – Work

04.02.2018 - 13:45

Mam Ron Pope presentéiert de Ritchie iech Haut seng perséinlech Neieentdeckung.
04/02/2018 Country CD-Tipp: Ron Pope "Work"

De Ron gouf den 23. Juli 1983 zu Marietta am Georgia gebuer, wou e fir d'éischt op der „East Cobb Middle School“ an duerno op der „Joseph Wheeler High School“ war. Hien hat sech scho ganz fréi selwer op der Gittar geléiert spillen, an hie war vun Ufank un e ganz grousse Fan vum Bruce Springsteen, deen dann och logescherweis zu sengem musikalesche Virbild gouf.

No der Highschool goung de Ron op „Rutgers Universtity“, wou e fir zwee Joer säin Talent als Basketballspiller ënner Beweis setze konnt. Duerch eng Verletzung hat en de Wonsch Profispiller ze ginn, allerdéngs missen opginn. Doropshi goung hien op „New York University“, an do hat hie seng Léift fir d'Musek nees nei entdeckt.

Bei engem sougenannte „Songwriting Circle“ mat aner Studenten, hat hie seng zukünfteg Bandmemberen Zach Berkman an Paul Hammer kennegeléiert. Zesumme mam Zach hat hien dann 2007 den Internet-Hit „A Drop In The Ocean“ geschriwwen. Duerno hate si mat de Museker Chris Kienel, Will Frish a Mike Clifford d'Band „The District“ gegrënnt. An deenen nächsten zwee Joer hat dës Schoulband reegelméisseg Optrëtter an et goufen dräi Albumen opgeholl. Am Dezember koum et fir e véierten Album zu enger Reunioun vun dëser Band.

Am Mäerz 2008 gouf de Ron Pope an der MTV-Show „TRL“ als déi grouss Neieentdeckung virgestallt. Duerno hat hien, tëscht 2008 an 2010, op eege Fauscht véier Albumen opgeholl. Dertëscht hat hien zwar e Plackekontrakt beim Label „Universal Republic“, mä no nëmmen zwou Singlen, hat hien decidéiert léiwer nees op eege Fauscht weider ze maachen. Elo steet da mat „Work“ säin dräizéngten Album an de Butteker.



De Ron Pope als Countrymuseker ze bezeechne wier net ganz richteg. Hien ass éischter e Museker dee sech bei ville Museksgenre fir seng eege Musek zerwéiert. Den Titelsong, an dee mir elo kuerz eragelauschtert hunn, ass éischter am Singer-Songwriter-Genre ze klasséieren. „Bad Out Of Hell“ a „Let's Get Stones“ sinn zwee excellent Soul-Stécker. Bei „The Last“ léisst hien dann awer de Countrymuseker aus sech eraus, grad wéi och bei „Someday We're All Gonna Die“, „Dancing Days“ an och bei der flotter Ballade „The Weather“, déi hien am Duett mat der Molly Pardon séngt.

Eng aner Duettpartnerin hat de Ron mat der Katie Schecter fonnt. Mat hir zesumme séngt hien den Titel „Can't Stay Here“, e Song dee ganz wéi e Solotitel vum Fleetwood Mac-Member Lindsey Buckingham kléngt.

Alles an Allem ass dem Ron Pope säin neien Album „Work“ e ganz villsäitegt musikalescht Wierk, dat mat Rock-Pop, Soul, Folk a Country gewierzt ass.

Hei dann elo den eemolegen Duo Ron Pope & Katie Schecter mat „Can't Stay Here“.