Country CD-Tipp: Grammy Awards 2018

11.02.2018 - 13:45

Haut presentéiert de Ritchie eis Ausnamsweis keng Country CD, mä hie kuckt fir eis wéi et an der Kategorie vum Country bei de Grammy Awards ausgesinn huet.
11/02/2018 COuntry CD-Tipp Grammy Awards 2018

Déi 60. Grammy Awards waren dëst Joer am „Madison Square Garden“. Domadder ass dës Zeremonie, nodeems se 15 Joer laang am „Staples Center“ zu Los Angeles war, nees zréck op New York komm. De Presentateur vum Owend war eng Kéier méi de briteschen Entertainer James Corden.

Fir de Country ware wéi gewinnt véier Kategorie reservéiert, an zwar „Best Country Solo Performance“, „Best Country Duo/Group Performence“, „Best Country Song“ a „Best Country Album“.

Nominéiert an der Kategorie „Best Country Solo Performance“ waren: Maren Morris fir „I Could Use A Love Song“, Miranda Lambert fir „Tin Man“, Alison Krauss fir „Losing You“ an de Sam Hunt fir „Body Like A Back Road“. De Grammy goung un de Chris Stapleton fir „Either Ways“.

An der Kategorie vu „Best Country Duo/Group Performence“ waren nominéiert: Midland fir „Drinkin' Problem“, Lady Antebellum fir „You Look Good“, Zac Brown Band fir „My Old Man“ a Brothers Osborne fir „It Ain't My Fault“. D'Gewënner an där Kategorie ware Little Big Town mat „Better Man“, Extrait aus hirem Bestselleralbum „The Breaker“.




Fir de beschte Countrysong waren nominéiert:

„Tin Man“ vun der Miranda Lambert. D'Auteure waren: Jack Ingram, Jon Randall aMiranda Lambert.

Zweeten nominéierte Song war „Drinkin' Problem“ vu Midland. Hei waren d'Auteuren: Jess Carson, Cameron Duddy, Shane McAnally, Josh Osborne a Mark Wystrach.

Da war nach „Body Like A Back Road“ vum Sam Hunt nominéiert. Responsabel fir dëse Song waren: Zach Crowell, Sam Hunt an nach eng Kéier déi Häre Shane McAnally a Josh Osborne.

Eng véiert Nominatioun gouf et fir „Better Man“ vu Little Big Town. Dës Kompositioun aus der Fieder vun der Taylor Swift gouf deemno fir zwee Grammyen nominéiert.

Als beschte Song gouf schliisslech dem Chris Stapleton säi Song „Broken Halos“ ausgezeechent, deen hien zesumme mam Mike Henderson geschriwwen hat.

Da komme mir bei déi wuel wichtegst Kategorie, an zwar déi vum „Beschte Country Album“.

Hei waren nominéiert:

„Life Changes“ vum Thomas Rhett, „The Breaker“ vu Little Big Town, „Heart Break“ vu Lady Antebellum a „Cosmic Hallelujah“ vum Kenny Chesney.

De Grammy fir de „Beschte Country Album“ goung un dem Chris Stapleton säi „From A Room: Volume 1“. Domadder war de Chris Stapleton dëst Joer mat dräi Grammyen de ganz grousse Gewënner ënnert de Countrymuseker.