Country CD-Tipp: A Star is born (Soundtrack) – Lady Gaga & Bradley Cooper

14.10.2018 - 14:15

Haut huet de Ritchie iech de Soundtrack vum Film „A Star is born“ matbruecht, deen direkt an der éischter Woch op Plaz 1 vun de Billboardcharts gesprongen ass. „A Star is born“ erzielt d'Geschicht vum Country-Superstar Jackson Maine, deem säi Stär lues awer sécher verblatzt. D'Ursaachen dofir si souwuel säin Alter, wéi och säin héijen Alkoholkonsum. Enges Daags léiert hien an engem Club d'Sängerin Ally kennen, déi him erkläert, si géif hir eege Lidder net sangen, well se sech derbäi net géing wuel fillen, well jiddereen hir gesot hätt, si hätten zwar hir Aart gären, wéi se séngt, awer net hiert Ausgesinn.
 
Den Jackson, dee sech séier an d'Ally verléift, erkennt direkt hiert grousst Talent, an  hëlleft hir hiren Dram, e grousse Star ze ginn, ze realiséieren. Wéi den Jackson d'Ally op d'Bühn stellt, gëtt si iwwer Nuecht a Star, a stellt dem Jackson seng Karriär komplett an de Schied.
 
„A Star is born“ ass schonn deen drëtte Remake vum Original aus dem Joer 1937. Deemools konnten d'Janet Gaynor an de Fredric March an den Haaptrollen iwwerzeegen.1954 waren et d'Judy Garland an den James Mason, 1976 d'Barbra Streisand an de Kris Kristofferson, an am aktuelle Remake d'Lady Gaga an de Bradley Cooper.
 
Mat „A Star is born“ gëtt den amerikanesche Schauspiller Bradley Copoer säin Debut, souwuel als Regisseur, wéi och als Museker. Dernieft war hien och als Produzent aktiv.
 
Fir d'Lady Gaga ass et keng Première als Schauspillerin, well si stoung scho fir e  puer Episoden an der TV-Serie „American Horror Story“ virun der Kamera.
 
Egal wéi et och ass, d'Lady Gaga weess hei als Schauspillerin, an de Bradley Cooper als Museker z'iwwerzeegen. Et däerf ee gespaant sinn, op si nächst Joer fir en Oscar nominéiert, oder vläicht esouguer ausgezeechent ginn.
 
Fir d'Barbra Streisand war et virun 42 Joer op jiddwerfalls e grousse Succès, si gouf deemools mat engem Oscar fir de Song „Evergreen (Love Theme from A Star is born“ ausgezeechent.
 

 
De 34 Track staarken Album besteet aus 19 Lidder a 15 Film-Dialogen.
 
De Soundtrack ass an Zesummenaarbecht mat ville Staren aus der Countrymusek entstanen, esou z.B mam Jason Isbell an dem Lukas Nelson, also dem Bouf vum Willie Nelson.  De Lukas ass am Film och als Member vun der Formatioun „Coopers Band“ ze gesinn an natierlech och ze héieren. Dernieft war hien als Musikalesche Consulting fir de Bradley Cooper aktiv.
 
De Gros vun de Lidder um Soundtrack, stamen aus der Fieder vun der Lady Gaga, déi hei, mat enger Rei Co-Auteuren, eng excellent Aarbecht geleescht huet. Rock, Pop a Country ginn Hand an Hand duerch dee ganzen Album,  a mat der Edit Piaf hirem „La vie en rose“, gëtt et e Leckerlie aus der gudder aler Zäit vum Chanson. Hei gëtt dëse Klassiker allerdéngs vun der Lady Gaga interpretéiert.
 
D'Lady Gaga an de Bradley Cooper hu sech d'Songs um Album gutt ënnerteneen opgedeelt. Dat heescht, dass béid Kënschtler sech souwuel Solo, wéi och als Duo op „A Star is born“ presentéieren.
 
D'Kritiker si voller Luef fir de Film, an och de Soundtrack. De Schauspiller a Regisseur Sean Penn, deen de Film scho virum offizielle Release huet däerfe gesinn, huet „A Star is born“ als ee vun de beschte Filmer bezeechent, déi an deene leschte Jore gedréit goufen.
 
D'Barbara Schweizerhof schreift an der Filmzäitschrëft „epd Film“, de Bradley Cooper géif sech als erstaunlech begaabten, jo souguer charismatesche Sänger presentéieren, an d'Concert-Zeene wier mat vill Gefill fir d'Atmospär gefilmt ginn. Iwwert d'Lady Gaga schreift se, dass se schauspilleresch z'iwwerzeege wéisst.
 
Déi éischt Singleauskoppelung aus dësem ganz intressante Country-Soundtrack, ass den Titel „Shallow“, de vum Lady Gaga a Bradley Cooper am Duett gesonge gëtt.